Junior Qualitéit a Risiko Beroder (M/F/D) CDD 24 mois - 40h

6563

croix rouge

Présentation de l'organisme et contexte | Organization and context

Fir de Service Qualité, Innovation et Développement (QuID) zu Lëtzebuerg Stad, op Basis vun engem CDD vu 24 Méint, tëscht 80 % an 100 % Aarbechtszäit.

Description du poste | Job Description

Am Kader vum Service Qualité, Innovation et Développement (QuID) gitt Dir Deel vum Qualitéit a Risiko Ekippe. Dir gitt un der Strukturéierung, dem Developpement an der weiderer Verbesserung vun de Qualitéits a Risikomanagement Praktike bedeelegt.

Dir wäert ënner anerem un dësen Aufgabe matschaffen :

- Ausaarbechtung an Ëmsetzung vu Strategien, Etablissement-Projeten an Aktiounskonzepter

- Identifikatioun, Analysen a Gestioun vu Risiken

- Formaliséierung vu Politicken, Prozeduren an operative Prozesser

- Strukturéierung vun Dokumentatiouns- an Archivprozesser

- Aféierung vu Systemer fir Feedback, Reklamatiouns a Virfallmanagement

- Entwécklung vu Steierungs- a Reportinginstrumenter (KPI, Dashboarden)

- Leedung an Ëmsetzung vu Verbesserungsprojeten an -Aktiounen

Profil recherché | Required profile

Ausbildung

- Héichschoulofschloss am Beräich Gestioun, Organisatiouns Management oder Qualitéit

Erfarung

- 0–3 Joer Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun

- Kenntnisser am sozialen oder edukative Secteur si vu Virdeel

Kompetenzen

- Exzellent schrëftlech a syntheetesch Fäegkeeten

- Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten a pedagogescht Geschéck (Formatioun)

- Gutt Kenntnisser an den Office-Tools

- Kenntnisser an:

     * Risikomanagement

     * Prozess- an Organisatiouns Modelléierung

     * Kontinuéierlech Verbesserung

     * Leeschtungsindikatoren (OKR, KPI, Dashboarden)

- Design Thinking, funktionell Analys oder Strategie Approchen si vum Virdeel

Perséinlech Qualitéiten

- Autonomie, Analys Fäegkeet a Pragmatismus

- Kreativitéit an Initiativ

- Gutt Bezéiungs Fäegkeeten a Fäegkeet, Leit zesummenzebréngen

Sproochen

- Fléissend Lëtzebuergesch an Däitsch

- Gutt Franséischkenntnisser

L'offre | The offer

CDD à temps plein | Full-time fixed-term contract

Modalités de candidature | Application procedures

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.